E Spill mat Luucht a Schied

Liichtdurchlässeg, dat ass de Motto bei dësem Projet. Eng Verriére a Schiebediir mat vill Glas an trotzdeem engem Flotten Design. Gelänner kritt duerch Spotten an der Mauer eng besonneschen Toutch, den Schied op der Mauer spigelt Gelänner nach eng kéier flott erëm. Wosst dir schonn, dass des Gelänneren en Unikat sinn? Mir Zeechnen äert Gelänner op Moos, an passen Andeelung op är Wënsch un. Duerno Drécken mir den Plang an Original Gréisst, an passen Stief op den Plang an. Sou kréien mir Ordnung an dat duercherneen 🙂
Maacht mei aus ärem Gelänner……

Mei Fotoen zu eisen Gelänneren fann dir hei.

Transparent

Geländer in Rohstahl mit Glassfüllung

Glass-Gelänner -Stol

Geländer in Rohstahl mit Glassfüllung
Garde Corps en acier brut vitré

Transparent an trotzdem visibel. Handlaaf a Posten aus Stol, schwartz a massiv, d`Fellung liicht an Transparent. E flotten Projet an dessem eenzegartegen Loft

D`Kombinatioun aus Eisen, Glass, Holz a Beton sinn an dessem Loft besonnesch gudd gelongen. Zusammen mat LuxDomus gouf dess Projet zu engem flotten Ensemble. Dir sicht daat richtegt Gelänner fir är Traap? Kuckt ich eis Gelännergallery un.

Geländer in Rohstahl mit Glassfüllung

Eng nei Trap am burten Stol

e liicht schwergewiicht

The black beauty

Eng Trap, liicht an der Optik, awer schwéier an sengem Gewiicht. Eis Metalltraap aus geuelegtem Stolblech. Untrettskanten sinn op Gehrung geschlaff, an iwwer gesamt längt verschweesst. Sou entsteet eng fortlafend Optik wou keen Stouss siichtbar ass. Gelänner déngt net nëmmen als Sécherheet mee dréit och Trap. Stufen sinn mat Laser geschnidden, Trap gouf op der Platz zesummen gebaut an verschweesst. Zesummen mam Sebastian Schuch vun  Weltzel+Hardt Architekten ass aus dëser Trap en echten Highlight an der Wunnen ginn. Fir weider Ideen zu eenzegaartegen Trapen, klickt duerch eis Trapengallery.

“That's one small step for a man, one giant leap for mankind”

"Thats one

small Step..."

En klengen Raum optimal ausgenotzt…. sou passt des Trap optimal op seng Platz. Wangen aus Brute Flaacheisen mat Trëtt am Eechenholz. Natur mécht déi schéinsten Faarwen, och hei sinn déi eenzel Materialien an hirem natierlechen Toun, just mat Ueleg protegéiert. Den Handlaaf an Gelänneren sinn och am Flaacheisen, esou wei se aus dem Walzwierk kommen, an bilden esou en passenden Ensembel mat der Trap. Loscht op nach idien fir Trapen? Klickt hei fir eisen Trapenkatalog.

the Steel Cross

Eng Kombinatioun aus brutem Stol an Holz, zwee natierlech Wierkstoffer an. Holzplack aus Eechenholz spigelt duerch seng Baamkant Natierlechkeet zreck. Duerch dësen Mëttelfouss, hutt dir optimal Beefraiheet ënnert dem Dësch, an keen Stempel deen iech hënnert.

Maacht ären Dësch, esou wei dir en braucht. Zesummen mat eise Partner Bulbaum realiséieren mir gären en Eenzegaartegen Dësch fir Iech. Beim Fous souwéi bei der Dëschplack sinn den Ideen keng grenzen gesat. 

Trapen am Brute Stol

Natur pur, esou wei den Blech aus der Walz kennt.  Des Walzhaut och Zunderschicht genannt ass ewéi en Fangerofdrock op engem Blech, eenzegaarteg.  Et ass eng Natierlech schicht déi duerch Walzen, Hetzt an Ofkillen entsteet. Stol gëtt bei em 1200° Celsius gewalzt. 

Dees Walzhaut gëtt en immens flotten Aspekt, richteg gefleegt an traitéiert entsteht eng wonnerschéin Finitioun. Bei dësem Projet duerften mir 2 Trapen bauen, ënnerschiddlech an hirer form awer ganz ähnlech an hirer Idee. 

Stufen goufen op der Untrettskant 45° geschlaff an iwwer gesamt längt verschweesst, esou gesäit een keen Stouss, doduerch entsteht eng flott Kontinuitéit. Spëndeltrap krut en Gelänner am Blech, wat bewosst siichtbar verschlaff an esou gelooss gouf. 

Bei der gewendelter Trap, gouf en Sisalseel duerch Stufen geflecht an ronderëm den Handlaaf gewéckelt. Stäipen ënnert der Trap dengen och nach zousätzlech als Garderobe fir Jacketten opzehänken. 

Moien Lëtzebuerg

geländer garde-corps

Mir sinn erëm do, unsech waren mer ni wierklech fort, endlech ass eisen neien Internet Site online. Hei fann der Fotoen vun eisen neisten Aarbechten, Referenzen an Ureegungen fir ären Projet. Eisen Site ass an 4 Sproochen, fir dass och jiddereen Méiglechkeet huet eis ze verstoen. Dir kennt eis direkt hei iwwer Kontaktsait erreechen, och elo ganz nei an ganz einfach iwwer Whatsapp. Mir hoffen dass dir e puer flott Ureegungen an Ideen op eisem Site fannt.