Natur pur, esou wei den Blech aus der Walz kennt. Des Walzhaut och Zunderschicht genannt ass ewéi en Fangerofdrock op engem Blech, eenzegaarteg. Et ass eng Natierlech schicht déi duerch Walzen, Hetzt an Ofkillen entsteet. Stol gëtt bei em 1200° Celsius gewalzt.
Dees Walzhaut gëtt en immens flotten Aspekt, richteg gefleegt an traitéiert entsteht eng wonnerschéin Finitioun. Bei dësem Projet duerften mir 2 Trapen bauen, ënnerschiddlech an hirer form awer ganz ähnlech an hirer Idee.
Stufen goufen op der Untrettskant 45° geschlaff an iwwer gesamt längt verschweesst, esou gesäit een keen Stouss, doduerch entsteht eng flott Kontinuitéit. Spëndeltrap krut en Gelänner am Blech, wat bewosst siichtbar verschlaff an esou gelooss gouf.
Bei der gewendelter Trap, gouf en Sisalseel duerch Stufen geflecht an ronderëm den Handlaaf gewéckelt. Stäipen ënnert der Trap dengen och nach zousätzlech als Garderobe fir Jacketten opzehänken.