
Als klengen Familljebetrib an der 6ter Generatioun, leen mir Wäert op Qualitéitsaarbecht. Duerch traditionellt Handwierk an Verbindung mat moderner Technik, setzen mir ären Projet, mat Iech zesummen an Realitéit em.
Mir Realiséieren, Gelänner, Terrassen, Dieren, Paarten, Iwwerdiech, Miwwel an villes méi. Am Metall oder Inox an Kombinatioun mat Holz oder Glas. Mir schaffen och hei mat lokalen Betriber aus der Groussregioun zesummen.

Als Lëtzebuergeschen Betrieb sinn mir stolz drop Iech en Produit vun Doheem liwweren ze kennen.
Aktuell besteet eis Equipe aus mengem Pap, Mir, dräi Gesellen an engem Léierbouf.
Mir liewen eist Handwierk, duerch dës Passioun freeën mir eis op individuell Wënsch. Mir erfannen Rad net nei, mee mir probéieren et méi schéin ze maachen.
Ech géif mech freeën mat Iech zesummen är Virstellungen auszeschaffen an ze Realiséieren.
Patrick Conselman